Théâtre Municipal
PROGRAMME
Salle du Théâtre
Théâtre

T003

MARDI 17/10/2017 À 20H00

Acheter tickets

Produktioun : Théâtre du Centaure / Kulturhaus Niederanven

Performance

Guy Helminger

Tarifs catégorie 1

adulte

17,00 €

jeune

9,00 €

enfant - 12 ans

4,50 €

carte culture jeunes

4,50 €

Tarifs catégorie 2

adulte

14,00 €

jeune

8,00 €

enfant - 12 ans

4,00 €

carte culture jeunes

4,00 €

« Mäin Numm ass Benoit Pleimer. Ech sinn um Lampertsbierg grouss ginn, era gebuer an eng Famill mat Goss, wéi een esou seet. Ëm meng Kandheet hu sech zwee Au-pair-Meedercher gekëmmert. A meng Mamm - wa se Zäit hat.

 Mat véier Joer hunn ech Flütt geléiert, mat sechs Piano. Haut hunn ech der 44. Am Lycée war ech ëmmer ënnert deenen éischten, duerno hunn ech studéiert, bon, wat een esou studéiere nennt, a schaffen elo zanter zwanzeg Joer an dëser Bank.

A muer de Moie wäert ech esou vill Leit erschéisse wéi méiglech. A wann näischt méi geet, stiechen ech mer d'Pistoul an de Mond a soen Awuer. »


Jo, de Benoit Pleimer schafft op der Bank.

An haut den Owend erkläert en, firwat en do steet, wou en elo steet - ass et wéinst senger Mamm ? deem kranken Organismus, dee mer Gesellschaft nennen ? der Relioun ? oder well e, wéi e kleng war kee Fernseh huet dierfe kucken, well Fernseh ass fir déi, déi op där anerer Säit vum Ënnerscheed liewen : d'Locatairen, d'Aarbechter, d'Auslänner...

Mee vläicht ass dat, wat de Benoit virhuet, jo just, wéi e seet, eng Performance. Just eben eng mat engem Klabes an der Hand.

« Guy Helmingers Text ist ausgezeichnet und zeigt, dass die luxemburgische Sprache viel reichhaltiger ist, als so manche es behaupten. (...) Helmingers Abrechnung mit dem Neoliberalismus ist sicherlich nicht neu. Doch selten wurde sie so gut erzählt und so überzeigend gespielt. »                                                                          Jeff Schinker, Luxemburger Wort

 « Un texte aux multiples résonances rendu vibrant par un jeu saisissant. »                                                                          Josée Zeimes, Le Jeudi

Inszenéierung : Anne Simon Bühn : Anouk Schiltz

Mat : Jules Werner