Théâtre Municipal
PROGRAMME
Salle du Théâtre
Théâtre

T029

JEUDI 08/03/2018 À 20H00

Acheter tickets

Produktioun : Theater Esch

Escher Meedchen

Mandy Thiery

Tarifs catégorie 1

adulte

17,00 €

jeune

9,00 €

enfant - 12 ans

4,50 €

carte culture jeunes

4,50 €

Tarifs catégorie 2

adulte

14,00 €

jeune

8,00 €

enfant - 12 ans

4,00 €

carte culture jeunes

4,00 €

"D'Mam huet dat eenzegt richteg gemaach : Se huet eis "Paus" bäibruecht. Dat, wat se selwer am Beschten konnt. Bevier een mat den Wierder ronderëm hantéiert, muss een d'Paus beherrschen. Den Silence. Dee gehéiert beim Schwätzen dozou. Den richtegen Moment näischt ze soen ass di essentiell Basis vum Schwätzen."

Wat awer geschitt, wann Paus ze grouss gëtt ? Wann den Silence onerdréiglech gëtt ? Wann Wierder ufänken, an engem ze jäizen ?

D'Mona huet vu klengem un geléiert, dass Wierder wéidoen kennen an et besser ass, den Mond ze halen. Aus Angscht, den aneren Leit wéizedoen, entscheet et sech dozou, seng Paus ze verbesseren, andeems et Fëllwierder benotzt, laacht, Zigaretten ufänkt an Alkohol konsuméiert.

Den Silence gëtt zu engem stännegen Begleeder an sengem Liewen. Allerdéngs huet et net erwoard, dass sech all Wuert, dat net gesot gouf, an him hänken bleift an sech an all deenen Joren alles an him opstaut.

Vu baussen dréit d'Paus d'Mona ze erdrécken an vun bannen bauen all di onausgeschwaten Wierder Drock op, di gläich explodéieren. Lo muss et sech decidéieren : léist d'Mona sech vum Silence erdrécken oder léist et all di Wierder fräi, di sengem Ëmfeld schueden ?

Regie : Rafael David Kohn Bühnenbild : Jörg Brombacher Mat : Brigitte Urhausen